Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Um Mëttwochowend: Police mellt eng ganz Rei Abréch uechter d'Land

Et gëtt nees fréi däischter. An d'Police mellt eng ganz Rei un Abréch um Mëttwochowend.

Dat war de Fall an der Rue du Neuf Septembre zu Zéisseng, an der Tréierer Strooss um Cents, um Boulevard Jules Salentiny och um Cents an an engem Appartementshaus an der Rue Metzerlach zu Zolwer.

Och zu Bieles, um Verluerekascht an der Stad, am Rollengergronn an an der Rue Pierre Dupong zu Beetebuerg gouf agebrach.

Dann hate sech Brigangen Accès verschaaft op Chantieren op der Kockelscheier an an der Lëtzebuerger Strooss zu Stengefort. Do goufen all Kéiers Maschinne geklaut.

An alle Fäll gouf d'Spueresécherung informéiert an Enquête lancéiert.

Um Internetsite vun der Police fënnt een iwwerdeems Rotschléi, wéi ee sech an de Wanterméint géint Abriecher protegéiere kann.