Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Un aktuell Situatioun ugepasst: Südkollektivvertrag 2022-2024 ënnerschriwwen

Am neie Südkollektivvertrag, dee fir déi nächst 2 Joer an der Gemeng Conter ënnerschriwwe gouf, ginn et e puer Neierungen.

Et wier e Kollektivvertrag, deen der géigewäerteger Situatioun ugepasst wier, besonnesch, well vill Leit onsécher sinn, wat hir Zukunft betrëfft, virun allem déi finanziell. Dëse Vertrag géing verdäitlechen, dass ee grad a Krisenzäiten hannert senge Mataarbechter steet, sou d'Conter Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet.

Nieft Conter gouf den neie Südkollektivvertrag och vun de Gemenge Beetebuerg, Déifferdeng, Dippech, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Garnech, Käerjeng, Habscht, Keel/Téiteng, Käerch, Monnerech, Péiteng, Recken op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng, Stengefort souwéi dem OGBL an dem LCGB ënnerschriwwen.