Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Un der Grenz zu Lëtzebuerg: 30.000 Liter aus Kerosin-Pipeline vun der Nato zu Iechternacherbréck ausgelaf

RTL

© Steil-TV

Dës Leitung ass dofir do, fir divers Nato-Fluchhäfen ze beliwweren. De Kerosin ass och fir de Findel geduecht.

Bei Maintenance-Aarbechten ass eng Fuite entstanen. E Verschloss soll sech hei geléisst hunn, dono ass et meterhéich Kerosin-Fontän entstanen. Et läit keng Manipulatioun vir, sou d'Pompjeeën op der Plaz. Fir d'Populatioun géing et keng Gefor ginn.

Déi gréisste Suerg war et deen Ament, fir ze verhënneren, datt de Kerosin an d'Sauer leeft. Op der Plaz goufe Barragë installéiert, fir den Ueleg opzefänken. Wéi et heescht, wier d'Fuite awer elo mol gestoppt.