© AFP
D'Unesco huet en Dënschdeg zu Rabat decidéiert, datt d'Kultur an d'Handwierk vum franséische Brout op d'Lëscht vum Weltierwe gehéiert.
D'Baguette géing just aus 4 Ingrediente bestoen - Miel, Waasser, Salz an Hief - ma all Bäcker géing doraus seng eege Kreatioun maachen, huet et an der Kandidatur geheescht.
A Marokko gëtt nach driwwer decidéiert, wéi eng Traditiounen als Weltkulturierwe sollen deklaréiert ginn. Aner Kandidature sinn d'chinesesch Téi-Zeremonie, d'Kultur vun de bestéckte Blusen a Moldawien, d'Klackelauden a Spuenien oder nach d'Harissa-Zooss aus Tunesien.