Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Uni Darmstadt: Studentin muss no Gëftattack op Kommilitonen an d'Psychiatrie

RTL

© AFP

Déi 33 Joer al Fra gëtt elo mol onbefrist an eng Psychiatrie ageliwwert. Dat huet d'Gericht zu Darmstadt decidéiert a koum der Fuerderung vum Parquet no.

Bei der fréiere Studentin, déi aus Mainz kënnt, haten d'Dokteren eng paranoid Schizophrenie diagnostizéiert.

D'Fra hat zouginn, an der Nuecht op den 23. August 2021 Chemikalien a Mëllech, Hunneg esou wéi d'Waasser fir Kaffi an Téi gemëscht ze hunn. Si wollt d'Membere vum Fachberäich "Materialwëssenschaften" vun der Uni vergëften. Siwe Leit haten deemools eent vun de preparéierte Liewensmëttel zou sech geholl a waren dowéinst fir kuerz Zäit a Liewensgefor.