Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Unicef: Liewe vun 190 Millioune Kanner a Gefor wéinst Manktem u propperem Waasser

Zéng Länner a West- an Zentralafrika hunn am meeschte mat Waassermangel, knaschtegt Waasser a Klimawandel ze kämpfen. Besonnesch riskéiert sinn d'Kanner.

Dat huet d'UN-Hëllefswierk Unicef e Méindeg matgedeelt. Vill vun den am schlëmmste betraffene Länner, besonnesch d'Sahelzon, leiden ënnert der Instabilitéit an den arméierte Konflikter, wat den Zougang vu Kanner zu propperem Waasser a sanitären Ariichtungen zousätzlech schwéier mécht.

An enger Analys, déi virum Weltwaasserdag e Mëttwoch an der UN-Waasserkonferenz, déi de selwechten Dag zu New York ass, verëffentlecht gëtt, schwätzt Unicef vun enger "dräifacher Waasserkris" an de betraffene Länner - bedéngt duerch e Manktem un Drénkwaasser- a Sanitärversuergung, héich Kannerstierflechkeet duerch Krankheeten wéinst knaschtegem Waasser souwéi Klima- an Ëmweltrisiken.

An Deeler vu West- an Zentralafrika klammen d'Temperaturen nach méi séier wéi am globalen Duerchschnëtt. Och de Grondwaasserspigel fält, wat Unicef no e puer Gemenge forcéiert, duebel sou déif Pëtzen ze gruewe wéi nach virun 10 Joer. Gläichzäiteg fält vill méi onreegelméisseg Reen, dofir awer méi intensiv, wat dann nees zu Iwwerschwemmunge féiert. Dat verseucht déi souwisou scho knapp Waasserreserven.

"Afrika steet virun enger Waasserkatastroph" warnt den Unicef-Programmdirekter Sanjay Wijesekera. "Desastréis Stierm, Iwwerschwemmungen an historesch Dréchenten zerstéieren elo Ariichtungen an Haiser, kontaminéiere Waasserquellen, verursaachen Hongerkrisen a verbreede Krankheeten." Betraff wiere virun allem d'Kanner.

An den 10 am schlëmmste betraffene Länner huet bal een Drëttel vun de Kanner Doheem keen Zougang zu op d'mannst enger Basisversuergung mat propperem Waasser, zwee Drëttel hunn nach net emol déi einfachst sanitär Moyenen. Ee Véierel vun de Kanner huet keng aner Wiel, wéi d'Natur als Toilette ze benotzen. Dat heescht och d'Hygiène ass extrem ageschränkt, well dräi Véierel vun de Kanner sech Doheem d'Hänn net mat Waasser a Seef wäsche kënnen.
D'Suitten dovu sinn, dass et an deene Länner déi meeschten Doudesfäll bei Kanner gëtt, opgrond vu Krankheete wéi Duerchfall verursaacht duerch verknascht Waasser, e Manktem u Sanitärariichtungen an ze wéineg Hygiène. Unicef no ware sechs vun den zéng afrikaneschen Hotspot-Länner d'lescht Joer mat Cholera-Ausbréch konfrontéiert. Weltwäit sinn all Dag iwwer 1.000 Kanner ënner fënnef Joer un der Krankheet gestuerwen.

Arméiert Konflikter verschäerfen d'Waasserkris. Zum Beispill hunn a Burkina Faso hu sech Ugrëff op Waasseranlagen, als Taktik fir d'Mënschen ze verdreiwen, erhéicht. Wéi Unicef mellt, goufen 2022 58 Waassersourcen ugegraff, am Verglach zu just dräi am Joer 2020. Doduerch hunn iwwer 830.000 Mënschen d'lescht Joer den Zougang zu propperem Drénkwaasser verluer.