Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Urteel vum Verfassungsgeriicht: Covid-Gesetzer hunn net géint d’Verfassung verstouss

Aus dem Urteel geet ervir, datt d'Mesurë verhältnisméisseg gewiescht wieren a mat de Grondrechter am Aklang waren.

D'Organisateure vun den Demonstratioune géint d'Covid-Mesurë, de Jean-Marie Jacoby an de Peter Freitag, haten am Februar virum Friddensgeriicht d'Rechtméissegkeet vun den Anti-Covid-Mesuren a Fro gestallt. Déi zwee sollten um Enn net Recht kréien. D'Verfassungsgeriicht huet decidéiert, datt d'Covid-Gesetz net géint d'Constitutioun verstouss huet.

Am Februar haten sech de Jean-Marie Jacoby an de Peter Freitag musse virum Friddensgeriicht an der Stad veräntwerten, wëll si direkt e puer Mol géint d'Covid-Gesetz verstouss haten. Ënner anerem haten si d'Maskepflicht bei Rassemblementer net respektéiert a keng Distanz ënnert de Manifestante gehalen.

D'Argumentatioun vun deenen zwee viru Geriicht war am Februar, datt si net kéinte wéinst eppes verurteelt ginn, wat géint d'Constitutioun a géint d'Mënscherechter géing verstoussen. D'Strofgeriicht kéint zwar jugéieren, a wéi wäit d'Mesure mëssuecht goufen, mä wier net kompetent fir d'Mesuren u sech a Fro ze stellen. Doropshin hunn si eng Question préjudicielle gestallt, déi d'Riichter un d'Verfassungsgeriicht weiderginn haten.

Vun hirer Communautéit, dorënner vill Corona-Leegner a Konspirationisten, gouf dëst als Erfolleg geféiert. Déi zwee haten sech no dëser Decisioun eescht geholl gefillt. Ma elo gouf vum Geriicht festgehalen, datt si trotzdeem net Recht haten.

Domat wäerten d'Riichter vum Friddensgeriicht och kënnen hiert Urteel géint déi zwee Ugeklote spriechen, wëll si géint d’Covid-Gesetz verstouss haten. Déi zwee riskéieren eng Geldstrof.

RTL