Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

US-Walkampf ass agelaut: "Méi rosen a méi decidéiert wéi jee virdrun", esou den Donald Trump

De Republikaner war e Samschdeg viru Sympathisanten am New Hampshire an am South Carolina opgetrueden.

Hie wier "méi rosen an méi decidéiert wéi jee virdrun", mat deene Wieder huet den Ex-President Donald Trump de Walkampf fir d'Presidentiellen 2024 agelaut.

De fréiere President hat am November schonn annoncéiert, datt hie wéilt fir d'Republikaner fir eng zweet Mandatsperiod unzetrieden. Zanterhier hat een awer net méi vill vum Ex-President héieren.

Den Donald Trump huet op en neits behaapt, hien hätt déi lescht Presidentschaftswal geklaut krut. Et gëtt sech erwaart, datt sech den ëmstriddene Politiker an der eegener Partei bei de Virwale besonnesch mat Konkurrenz vum Gouverneur Ron DeSantis rechne muss. Deen huet seng Kandidatur bis elo awer nach net offiziell gemaach.