Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

US-Whistleblower: Putin gëtt dem Edward Snowden déi russesch Staatsbiergerschaft

Zënter 2013 lieft de Snowden a Russland, wou e jo politescht Asyl krut. D'USA fuerdere weiderhi seng Ausliwwerung.

De russesche President Wladimir Putin huet dem US-Whistleblower Edward Snowden déi russesch Staatsbiergerschaft ginn.

An engem Dekret, dat vum Putin ënnerschriwwe gouf, goufen d'Nimm vu 75 auslännesch Staatsbierger opgelëscht, déi elo eng russesch Nationalitéit kréien. Ënnert deenen Nimm war och den 39 Joer ale Snowden.

2013 hat den Edward Snowden jo Dokumenter iwwert Aktivitéite vum US-Geheimdéngscht NSA a vum brittesche GCHQ u Journaliste weidergereecht. Domadder huet hien déi extrem Iwwerwaachung am Internet oppe geluecht. Op senger Flucht iwwer Hongkong wollt hien u sech a Richtung Ecuador. Hien ass awer um Fluchhafen zu Moskau festgehale ginn, well säi Pass vun den USA annuléiert gouf.

Doropshin huet hien dunn Asyl a Russland kritt, dat allerdéngs begrenzt. 2020 huet Russland dunn accordéiert, him onbegrenzt laang säin Asyl ze loossen. An den USA géifen de Snowden jorelaange Prisong erwaarden.