Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Usina23: Peter Fox an Interpol trieden als Headliner zu Diddeleng op

Peter Fox an Interpol – dat sinn déi grouss Headliner vum Usina23 Festival zu Diddeleng.

No der 1. Editioun zejoert am Kader vun der Kulturhaaptstad wier et eng Evidenz gewiescht, datt et net dobäi sollt bleiwen. Dat huet den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana e Mëttwoch de Moien op der Presentatioun vun der zweeter Editioun betount. De Festival dee vun Op der Schmelz, dem Atelier an dem Gudde Wëllen organiséiert gëtt, wäert den 3. a 4. Juni sinn. Zejoert waren iwwregens iwwer 10.000 Visiteuren iwwert déi zwee Deeg um Festival. Donieft wäerten De Läb & Nicool optrieden, Lime Garden, oder och nach Blond. En Dënschdeg gouf allerdéngs just e Brochdeel vum Line-Up annoncéiert. An den nächste Méint wäert de Programm vum Festival da completéiert ginn.