Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vatikan: De Poopst François huet eng Otemwee-Infektioun a bleift e puer Deeg am Spidol

E Mëttwoch koum d'Nouvelle, dass de Poopst huet missen an e Spidol ageliwwert ginn wéinst engem Malaise.

Ënnersichungen am Gemelli-Spidol zu Roum hätte gewisen, dass den 86 Joer ale Pontifex sech eng Otemwee-Infektioun zougezunn huet. Dat sot de Vatikan-Spriecher Matteo Bruni e Mëttwoch den Owend. De Poopst François muss elo e puer Deeg am Spidol bleiwen a sech medezinesch betreie loossen. Hie gouf negativ op de Coronavirus getest.

Am Virfeld hat de Vatikan erkläert, de Geeschtleche wier zu enger "am Virfeld geplangter Ënnersichung" an d'Spidol bruecht ginn.
De Poopst kämpft schonn zanter enger gewëssen Zäit mat gesondheetleche Problemer. 2021 war hien am Gemelli-Spidol um Daarm operéiert ginn, donieft huet hie scho méi laang Péng am Knéi.

RTL

© AFP

Déi nei gesondheetlech Problemer loossen nei Spekulatioune iwwer e méiglechen Amtsverzicht nees opkachen. Enn Juli hat de Poopst François annoncéiert, manner reesen ze wëllen. "Hie misst seng Kraaft e bësse spueren oder anerefalls iwwer d'Méiglechkeet nodenken, Plaz ze maachen".

Am Februar hat et allerdéngs geheescht, e Récktrëtt géif "den Ament net op sengem Plang stoen". Nächste Mount ass eng Visitt an Ungarn virgesinn, wou de Poopst de Regierungschef Viktor Orban treffe soll.