Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vernissage fir de gudden Zweck: "Balkoni" kollaboréiert mat Kënschtler aus Ruanda

"Balkoni" ass eng Plattform, déi sech zanter ufanks dës Joers aktiv doru bedeelegt, Kleeder, Konscht a Musek duerch Kollaboratiounen zesummenzebréngen.

Lancéiert gouf dës Initiative vum Luca Jean a Christopher Pedersen. Ufanks wier d'Iddi gewiescht, einfach eng Kleedermark ze lancéieren. Wéi si dunn de Marché awer méi genau ënnert d'Lupp geholl hunn, si si séier zum Entschloss komm, dass och Konscht a Musek sollen en integralen Deel vun der Plattform hirer DNA ginn. Den Titel "Balkoni" géif och schonn dorop undeiten, wat d'Funktioun vun där Konscht-Plattform ass.

"Den Numm kënnt vu 'Balcon'. A wat ass e Balcon? Eng Plattform, déi een als Extensioun vun engem Haus kann ugesinn. Dat ass och dat, wat mir Artisten iwwerall op der Welt wëllen ubidden, fir dass si sech an hir Konscht kenne promouvéieren a weisen", esou de Christopher Pedersen.

An der Praxis baue si hire Projet op dräi Pilieren op. Fir d'éischt kollaboréiere si direkt mam Kënschtler a stelle Kleedungsstécker oder Objete mat deem Kënschtler senge Wierker hir. Kleeder wieren nämlech e wichtegt Instrument, fir d'Konscht un d'Leit ze bréngen. "E Bild hänkt meeschtens bei engem Doheem an enger Stuff, ganz schéin exposéiert, mä dat gesäit net all Mënsch", sou de Luca Jean. "Wann d'Konschtwierker gedroe ginn, trëppelt een domat duerch d'Groussgaass, et steet een an der Kees an deemno gesi vill méi Leit et. Doduerch kritt d'Wierk vill méi eng grouss Plattform."

An engem zweete Stadium gëtt dann e Vernissage organiséiert, wou engersäits déi Kleedungsstécker oder Objeten op limitéierter Basis verkaf ginn, anerersäits de Kënschtler seng Wierker och kann ausstellen. Den drëtten a leschte Schrëtt ass eng After-Party, déi direkt nom Vernissage organiséiert gëtt a fir déi si mat diversen DJen aus der Lëtzebuerger Zeen kollaboréieren.

Iwwer dat lescht Joer hate si elo schonn dräi gréisser Kollaboratioune mat lokale Kënschtler organiséiert. Fir hire véierte Projet hu si elo iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg erausgekuckt a mat Kënschtler aus dem Ruanda zesummegeschafft. De Kontakt dofir huet eng Frëndin vun hinnen, d'Elisa Bertrand, kreéiert, wat wärend engem Volontariat am Ruanda de lokale Kënschtler Kibe kennegeléiert huet. Hien ass de Grënner vum sougenannten "Ikirunga Art Centre", wou hien zanter 12 Joer Kanner aus dem Duerf vun de Stroossen hëlt an hinne probéiert, duerch Konscht nei Perspektive fir d'Zukunft ze ginn.

Fir hir Kollaboratioun hu si eng Serie u Kleedungsstécker mat Wierker vu sechs vum Kibe sengen éischte Schüler, déi selwer an der Tëschenzäit Kënschtler am Alter vu 19 a 26 Joer sinn, gemaach. Dës ginn den 10. Dezember vu 15.00 bis 19.00 Auer wärend engem Vernissage am ChouChou verkaf, zesumme mat 40 Wierker vun deene 6 Schüler. De ganzen Erléis vun de Biller an den hallwen Erléis vun de Kleeder geet dann erëm un de Kibe a seng Initiative. Zil wier et nämlech, eng Konschtschoul dohannen ze kafen, fir dass hie säi Projet ka weiderféieren. Nom Vernissage geet et da mat der After-Party weider. Hei leeën dann de Philippe Weitzel, de Jos an de Funclair noeneen op.

Méi Informatiounen zu "Balkoni" fënnt een op hirem Site an d'Tickete fir de Vernissage ginn et hei.