Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

VIDEO: Ried vum Xavier Bettel zu New York am Kader vun der 77. UN-Vollversammlung

RTL

© UN

De Lëtzebuerger Premier ass ënnert anerem agaangen op de Krich an der Ukrain, op d'Hongersnout uechter d'Welt an op d'Klimaziler.

Um Enn vun der Ried huet de Xavier Bettel dann och nach ugekënnegt, dass Lëtzebuerg seng Kandidatur stellt fir de Conseil de sécurité vun de Vereenten Natiounen, dat fir d'Joren 2031-2032. Dofir géif ee sech och weider asetze fir de Fridden an d'Sécherheet an der Ukrain, am Mali an am Noen Osten. Grad esou engagéiert ee sech och weiderhi fir d'Mënscherechter an ënnerstëtzt humanitär Aktiounen am Sahel, a Syrien, am Yemen an Afghanistan.

PDF: D'Ried vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel op der UN-Vollversammlung den 23. September 2022