
© Domingos Oliveira / RTL
Géint 18.30 Auer e Freideg huet d'Police gemellt, dass et zu Ettelbréck géing brennen.
Effektiv huet ee scho vun der Nordstrooss aus relativ vill Damp gesinn. Den Daach vun engem Haus an der Rue de Warken hat Feier gefaangen.
De Brand wier um Späicher ausgebrach, sou éischt Informatiounen. Duerch dat séiert Agräife konnt evitéiert ginn, dass d'Feier op d'Nopeschhaiser iwwergräife konnt. Den Daach vum dräistäckegen Eefamilljenhaus gouf demontéiert, fir weider Brandnäschter auszeschléissen.
D'Pompjeeë sinn op der Plaz. D'Strooss ass de Moment komplett fir den Trafic gespaart a soll och evitéiert ginn.