Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vill ze di fir de CGDIS: 9 Blesséierter bei enger Rei Accidenter an enger Dampentwécklung

De CGDIS notéiert am Bulletin e Méindeg de Moien direkt 7 Accidenter mat Blesséierten op eise Stroossen.

Zu Esch an der Rue Nelson Mandela ass e Sonndeg géint 17.20 Auer e Motocyclist gefall. De Samu vun Esch war op der Plaz, eng Persoun gouf blesséiert.

Um 18.38 Auer sinn tëscht dem Keeler Potto a Rëmeleng zwee Gefierer kollidéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Um kuerz no 22 Auer sinn zwee Ween zu Kënzeg an der Rue Longue net laanschtenee komm. Hei notéiert de CGDIS zwee Blesséierter.

Géint 23.20 Auer ass en Auto zu Brouch an der Rue du Village an eng Mauer geknuppt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz drop huet et eng weider Kéier beim Keeler Potto gerabbelt. Déi Kéier war en Auto fir erop op de Keeler Potto bäigaangen. De Samu vun Esch war am Asaz. Eng Persoun gouf Blesséiert.

Kuerz virun Hallefnuecht ass en Automobilist tëschent der Misärsbréck a Bauschelt accidentéiert. Och hie gouf blesséiert an de Samu vun Ettelbréck war op der Plaz.

A géint 4 Auer an der Nuecht op e Méindeg hat et nach op der Escher A4, Héicht Steebrécken gerabbelt. Och hei gouf et ee Blesséierten.

De CGDIS war dann och nach am Asaz wéinst engem Feier. Zu Esch um Boulevard Kennedy gouf et géint 22.30 Auer e Sonndeg den Owend eng Dampentwécklung. Eng Persoun gouf blesséiert.