Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Virtual-Reality-Film zu Kirsch-lès-Sierck: Live mat an de Schützegrief vum Éischte Weltkrich

Ween dëser Deeg bei Kirsch-lès-Sierck ënnerwee war, huet et vläicht knuppen héieren.

An de Felder direkt hannert der franséischer Grenz gëtt de Moment e Film iwwert den 1. Weltkrich gedréint. Déi franséisch-lëtzebuerger Koproduktioun "Champ de Bataille" vum François Vautier wëll d'Spectateure live mat an d'Schützegrief huelen. D'Keelt, Knascht an de Kaméidi - all dat soll de Spectateur iwwert säi VR-Brëll materliewen, wéi wann en nieft dem jonke Julien (Rod Paradot) am Krater léich oder duerch d'Grief vu Verdun krauche misst. Dofir gëtt op 360 Grad gefilmt an zwar net, wéi üblech am Studio, mee op engem richtege Set. Fir d'éischte Kéier kënnt eng speziell 360-Grad- Kamera an den Asaz, déi ee soss vu Fussballmatcher kennt.

"C'est un système révolutionnaire de caméra qui est suspendu par un câble et qui va se faufiler à l‘intérieur des galeries, des tranchées. C‘est génial parce que ça m‘évite de faire des gros dispositifs de mécanique qui seraient vus dans le cadre puisqu‘on filme tout autour, mais par contre il faut que j‘efface tous les câbles, toutes les grues qui tiennent ces câbles", erkläert de franséische Realisateur François Vautier.

Dat mécht den Dréi däitlech méi opwänneg ewéi gewinnt. Wärend dem eigentlechen Tournage muss sech d'ganz Ekipp am nächste Krater verstoppe, fir dass duerno keen op de Biller ze gesinn ass. An och d'Acteure musse sech e bëssen ëmstellen, well si ganz eleng um Set an de ganzen Zäit am Bild sinn. Et wier e bësse méi wéi Theater, erkläert de Rod Paradot, deen de Julien spillt.

Mat dobäi sinn och e puer Lëtzebuerger Schauspiller, dorënner de Lou Mergen, deen en däitschen Zaldot spillt. Och fir hien ass et deen éischte VR-Film an eng Experienz, op déi hie sech awer géing freeën, trotz der Keelt an der Nätzt an de Schützegrief.

Net nëmmen den Tournage, och d'Postproduktioun ass duerch d'Virtual Reality immens opwänneg, wéi de Produzent Fred Neuen erkläert:

"Duerno gëtt de Stitching gemaach, d.h d'Biller ginn esou unenee gesat, dass den Zuschauer riets a sengem Brëll och dat gesäit, wat riets ass. Et ass immens opwänneg mee enorm immersiv fir de Spectateur".

D'Koppen an d'Bëscher ronderëm de Set mussen donieft duerno um Computer an e Krichsterrain verwandelt ginn. Duerch den Opwand sinn d'Käschte mat gutt 1,2 Milliounen Euro fir 15 Minutte Film zéng Mol sou héich, ewéi bei engem normale Kuerzfilm. 40 Prozent vum Budget iwwerhëlt de Filmfong. Wéini de fäerdege Film ze gesinn ass, steet momentan nach net fest.