Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Virun Tripartite: Claude Haagen stellt Seuil vun 30% Staatsschold a Fro

Net méi wéi 30% Staatsverscholdung, un deem Zil aus dem Koalitiounsaccord wëll d’Regierung op alle Fall festhalen, sot de Xavier Bettel e Mëttwoch.

Dat fir d’Bonitéit vum Grand-Duché z’erhalen an domat de sougenannten Triple A. Anescht schéngt dat awer den LSAP-Landwirtschafts- a Sozialminister ze gesinn. De Claude Haagen positionéiert sech an enger Diskussioun op der Social-Media-Plattform Twitter. Hei schreift den Alex Bodry, fréieren LSAP-Minister an Deputéierten a Member vum Staatsrot: „Den Seuil vun 30% vum PIB fir Staatsschold ass en hausgematent politescht Ziel.Déi eenzeg verbindlech Scholdegrenz - Norm läit fir d’EU Länner bei 60% . Aussergewéinlech Situatiounen verlangen och emol aussergewéinlech an temporär budgetär Efforts."

De Minister Haagen schléisst sech sengem Parteikolleeg un, mat de Wierder, dass een an esou aussergewéinlechen Zäiten kee budgetären Dogmatismus bréicht.

Den Seuil vun 30% vum PIB fir Staatsschold ass en hausgematent politescht Ziel.Déi eenzeg verbindlech Scholdegrenz - Norm läit fir d’EU Länner bei 60% . Aussergewéinlech Situatiounen verlangen och emol aussergewéinlech an temporär budgetär Efforts. https://t.co/rFz1wlPDQJ

— Alex Bodry (@AlexBodry) September 17, 2022