Virworf vun der "Duebelmoral"
D'Clara Moraru zitt sech aus der Politik zeréck. Si kritiséiert, datt Auslänner an der CSV net genuch integréiert géinge ginn. De Claude Wiseler reagéiert.
"Ech sinn enttäuscht, datt d'Partei mech wéi d'Äschepuddel behandelt huet - an datt keen vun de Memberen aus eiser Organisatioun consideréiert gouf, fir an de Chamberwalen als Kandidat opgesat ze ginn", dat seet d'Presidentin vun "CSV International" Clara Moraru, déi aus ënnert anerem dësen Ursaachen mat "effet immédiat" als Presidentin vun där CSV-Ënnerorganisatioun demissionéiert.
Dëst Schreiwes läit der Zeitung "CONTACTO" fir, déi dorausser zitéiert.
Rieds geet ënnert anerem vun enger "duebeler Moral" bannent der CSV, wou eng "toxesch Leader-Kultur" géif toleréiert ginn, sou datt d'Kredibilitéit vun der Partei a Fro ze stelle wier.
D'Clara Moraru, déi vu sech seet bei CSV-International "Pionéieraarbecht" geleescht ze hunn, zitt domat no 15 Joer an der CSV en definitive Schlussstréch ënner hir politesch Carrière.
De Parteipresident Claude Wiseler weist am "CONTACTO" d'Accusatioune vu sech a betount, datt d'Demissioun vun der Ex-Presidentin vun CSV International, der Madamm Moraru hir perséinlech Decisioun gewiescht wier. Dem President no géif d'Partei keng Auslänner ausschléissen, au contraire géif ee vill auslännesch Matbierger oder Kandidate mat enger duebeler Nationalitéit op de Wallëschten fannen.
CSV International zielt eng 1.000 Memberen.
Als Mentor vun der Clara Moraru, déi bei de Stater Gemengewalen op der CSV-Lëscht en identeschen Score wéi d'Marceline Goergen hat, gëllt déi fréier CSV-Presidentin a Ministesch Erna Hennicot-Schoepges.
De CONTACTO-Artikel