Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Volleyball: Bronzemedail fir Lëtzebuerg

Bei der EM vun de klenge Länner an der Coque huet Lëtzebuerg sech duerch eng 3:0-Victoire (25:17, 25:23, 25:22) géint Malta Bronze geséchert.

Bei der EM vun de klenge Länner huet Lëtzebuerg e Sonndeg em déi 3. Plaz gespillt. No 2 däitleche Victoire géint Malta an Irland um Freideg an enger knapper Defaite um Samschdeg géint Island hunn Damme e Sonndeg em déi 3. Plaz géint Malta gespillt.

Am Gymnase vun der Coque huet d'FLVB-Formatioun e ganz konzentréierten 1. Saz gespillt bei deem e séier mat 9:3 a Féierung louch. Um Enn konnt e de Saz no 22 Minutte mat 25:17 fir sech entscheeden. Am zweete Saz sollt et e tick méi serréiert hiergoen. Malta wollt sech net esou séier geschloe ginn an huet de Réckstand quasi déi ganzen Zäit op 2 bis 3 Punkte gehalen. Beim Stand vu 24:23 fir Lëtzebuerg huet een de entscheedende Punkt awer gemaach, a huet och deen zweete Saz fir sech entscheet (25:23).

Lëtzebuerg hat am drëtte Saz an deenen entscheedende Momenter déi besser Nerven. Mat 25:22 sollt dësen op e Enn goen. Domat gewënnt d'FLVB-Formatioun d'Bronzemedail bei der EM vun de klenge Länner.

D'Finall gëtt um 17h00 tëscht Schottland an Island gespillt.