Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Volta a la Comunitat Valenciana: 2. Plaz fir de Jungels op der 3. Etapp, Victoire fir de Velasco

E Freideg ass et a Spuenien op der drëtter Etapp iwwer ronn 145 Kilometer vu Bétera op Sagunt gaangen.

Hei ass de Bob Jungels op eng exzellent zweet Plaz gefuer, nodeems hien an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur Simone Velasco iwwert de wäisse Stréch gefuer ass. Am Sprint huet de Lëtzebuerger sech dem Italiener misse geschloe ginn.

Béid Coureure sinn no 3 Stonnen, 13 Minutten a 47 Sekonne iwwert d'Arrivée gefuer. Och den Dän Jonas Gregaard huet déi ronn 145 Kilometer an der selwechter Zäit gepackt, woumat hien de Podium als Drëtte komplettéiert huet.

Ronn 120 Kilometer virun der Arrivée hat de Bob Jungels attackéiert. Dës Echappée sollt och bis zum Enn duerchhalen a konnt sech um Enn mat enger Avance vun 3 Sekonnen op de Peloton iwwer d'Zillinn retten.

Am General behält de Giulio Ciccone seng éischt Plaz virum Pello Bilbao (+3 Sekonnen) an dem Aleksandr Vlasov (+6 Sekonnen). De Bob Jungels huet sech iwwerdeems vun der 47. op déi 40. Plaz verbessert a säi Retard op den Ciccone op 9:51 Minutte verkierzt.

Top 10 vun der 3. Etapp


2 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe ,,
3 GREGAARD Jonas Uno-X Pro Cycling Team ,,

5 ROJAS José Joaquín Movistar Team ,,
6 WRIGHT Fred Bahrain - Victorious ,,
7 BOUWMAN Koen Jumbo-Visma ,,
8 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty ,,
9 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
10 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates ,,

Top 10 vum Generalklassement





5 CHARMIG Anthon Uno-X Pro Cycling Team ,,
6 GLOAG Thomas Jumbo-Visma ,,
7 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty ,,
8 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
9 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,

...