Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vum 1. Februar un: D'Psychotherapie gëtt rembourséiert

RTL

Zanter e Mëttwoch kritt een d'Suen, déi ee fir Psychotherapie ausgëtt vun der Gesondheetskeess zeréck.

Den Tarif fir eng Stonn ass op 144 € fixéiert. Erwuessener kréie 70 % dovun zeréck. Wann ee manner ewéi 18 Joer huet, kritt ee bis zu 100 % zeréck. D'Käschte ginn allerdéngs net réckwierkend iwwerholl.

fir déi éischt 3 Seance brauch ee keng Ordonnance vun engem Dokter. Duerno, muss een da bei en dokter goen, fir sech weider Seancen opschreiwen ze loossen. Dëse kuckt dann als éischt, op et keng Contre-indication fir eng Psychotherapie gëtt. Wann dat net de Fall ass, schreift den Dokter engem an enger éischter Ordonnance 27 Seancen op.