Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vum 1. Januar un obligatoresch: Dampmelder-Gesetz hëlt Bezuch op Réglement grand-ducale, dat et guer net gëtt

Wéi den Inneministère erkläert, hätt een um Enn decidéiert, kee Règlement grand-ducal auszeschaffen.

Vum 1. Januar un sinn Dampmelder an all Appartement an Haus obligatoresch. Leit, déi dat deementspriechend Gesetz opmierksam gelies hunn, ass opgefall, datt am Text Bezuch op e groussherzoglecht Reglement geholl gëtt, dat déi technesch Charakteristike vun den Apparater definéiere soll.

Sou e Reglement gëtt et bis elo awer net. Wéi mer op Nofro am Inneministère erkläert kruten, hätt een um Enn decidéiert, kee Règlement grand-ducal auszeschaffen, well et géif duergoen, datt den Dampmelder EU-zertifiéiert wier a well an der Beschreiwung souwisou all déi néideg Informatiounen opgelëscht wieren.

Och hätt den Text all Kéiers missen adaptéiert ginn, wann iergendeng Norm geännert hätt. De Saz ass just ni aus dem Gesetz erausgeholl ginn.