Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vum Majorz zum Proporz: Wiessel mat Widderstänn

Dëst Joer gëtt fir d'éischte Kéier a méi Gemengen nom Proporz- wéi nom Majorzsystem gewielt. Fir zéng Gemengen ass et eng net sou evident Première.

Den 11. Juni soll an den 102 Lëtzebuerger Gemenge gewielt ginn. Fir datt dat awer och wierklech de Fall ka sinn, musse sech iwwerall méi Kandidate presentéieren, wéi et Plazen am Conseil gëtt. Grad an deene Gemengen, déi dëst Joer vum Majorz- an de Proporzsystem wiesselen, ass et net sou evident Kandidaten ze fannen, déi bereet sinn, mat op eng Lëscht ze goen.

Beefort, Bettenduerf, Esch-Sauer, Helperknapp, Lëntgen, Parc Housen, Réiden op der Atert, Rouspert-Mompech, Schengen a Wuermer. An dësen 10 Gemenge ginn den 11. Juni Lëschte gewielt. Dat entweder, well si an der leschter Legislaturperiod d'Awunnerzuel vun 3.000 iwwerschratt hunn, oder well et Fusiounsgemenge sinn, déi sech eng Iwwergangsreegelung ginn haten, déi dëst Joer ausleeft. Beim Gemengesyndikat Syvicol hätt ee léiwer, datt de Seuil an Zukunft op 6.000 erhéicht géing ginn. De Syvicol-President Emile Eicher begrënnt dat virun allem mat de Reaktioune vum Terrain.

"Well mer gemierkt hunn, besonnesch wéi mer probéiert hunn d'Fusiounen op d'Been ze setzen, datt ëmmer déi selwecht Remarke komm sinn, datt d'Leit gesot hunn, mir wëlle kee Proporzsystem, mir bleiwe gären am Majorz, mir kennen eis Leit a mir sinn ze kleng fir Parteien anzeféieren. Dat war sou zimmlech bei alle Fusiounsdiskussiounen de Fall.

Parteien hunn et éischter schwéier

Op Nofro hin ass et de Constat, datt wuel just an der Gemeng Helperknapp méi wéi eng reng Parteilëscht untriede wäerten. Wärend déi vun der CSV, mat de Spëtzekandidate Patrick Ludwig a Marie Sadler, scho presentéiert gouf, kënnt sécher nach eng nach vun der DP ronderëm de Buergermeeschter Frank Conrad no. Ma och fir op Biergerlëschte matzegoen, zécken d'Leit, sou datt d'Wieler an deenen aneren néng Gemenge wuel just de Choix tëscht zwou Lëschten dierften hunn. Wärend zu Réiden schonn zwou Biergerlëschte presentéiert goufen, sinn et zu Lëntgen eng Biergerlëscht an eng vun der DP. Zu Rouspert ass vun enger iwwerparteilecher Lëscht ronderëm d'CSV-Buergermeeschtesch Stéphanie Weydert gewosst, et dierft nach eng DP-Lëscht ronderëm de Schäffe Josy Schoellen nokommen. Zu Beefort, Bettenduerf, Esch-Sauer, Schengen a Wuermer goufen nach keng Lëschten hannerluecht. Et ass awer ze héieren, datt an de véier Éischtgenannte jee zwou Biergerlëschte géinteneen untriede wäerten. Zu Wuermer dierften et eng CSV- an eng liberal ugehauchte Biergerlëscht sinn.

Vum Majorz zum Proporz: Wiessel mat Widderstänn

Buergermeeschter hofft op Konkurrenz

Ob zu Housen mat senge ronn 4.000 Awunner iwwerhaapt gewielt wäert ginn, ass onsécher. Bis elo gëtt et nëmmen eng iwwerparteilech Lëscht mam Numm Är Ekipp Parc Housen, vun deenen hiren 11 Kandidaten der 9 Member am aktuelle Gemengerot sinn. Datt si nach Konkurrenz kréien, duerf op mannst bezweifelt ginn. De Buergermeeschter Romain Wester géing dat allerdéngs schued fannen.

"Also ech muss éierlech soen, ech stelle mech de Walen, dat heescht scho vu sech aus, datt ech ganz gären hätt, datt Wale stattfannen an datt jidder eenzele Kandidat weess wou en drun ass. Da sinn d'Suitte mengen ech e bëssi méi einfach, wéi wa mer lo a sech nëmme mat enger Lëscht an d'Wale géinge goen an nommé élu wieren."

Am Majorzsystem war et 2017, 2011 an 2005 ëmmer zu Walen an der Nordgemeng komm. D'Kandidature kënnen nach bis den 12. Abrëll agereecht ginn. E bëssi skurril beim Proporzsystem ass iwwregens, datt et bei de Persounen, déi op enger Lëscht kandidéieren, keng Begrenzung no ënne gëtt. Et kann also theoretesch och just eng Persoun op enger Lëscht figuréieren. Well d'Chancen esou gewielt ze ginn awer quasi bei Null leien an et zudeem liicht onseriö eriwwer kënnt, gëtt et net gemaach.