Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Waasseroffëllfabrick: Zu Grolënster leeft nach vill Waasser d'Baach eran

Grolënster soll eng Waasseroffëllfabrick kréien, an dat op engem Terrain, dee virdrun als Zone verte klasséiert war.

Am Dezember sinn déi concernéiert Parzellen ëmklasséiert ginn, ee Schrack a Richtung Realisatioun ass domat gemaach. D'Awunner wonnere sech...

Dat net nëmme wéinst méiglechem Kaméidi oder Knascht, mee well et kaum Kommunikatioun gouf. D'Sandra Schenge wunnt direkt nieft dem Terrain. Viru 4 Joer huet si d'Haus kaaft an ass elo duerch Zoufall gewuer ginn, datt direkt niewendrun eng Waasseroffëllfabrick entstoe soll.

Si huet vill Froen: „Wou si mir an der Prozedure drun? Wéini gëtt do deen éischte Steen geluecht? Et muss einfach en Echange do sinn, well soss ginn et Onkloerheete bei deenen zwou Parteien. Wann ee keng Plattform huet fir sech auszetauschen, ass dat schwiereg"

D'Fabrick kéim bei d'Iechternacherstrooss. Hei wéilt e Privatmann säi Mineralwaasser a Fläschen afëlle loossen an da verkafen. D'Quell huet hie virun 20 Joer op sengem Terrain entdeckt, deen 3 km ewech läit. Well do allerdéngs eng Natura-2000-Zon ass, soll d'Waasser mat enger Pompel bis op Grolënster gepompelt ginn. Maximal 140 m³ däerf de Proprietär aus dem Buedem huelen, also ëm déi 10 Camionen den Dag. Bis d'Fabrick a Betrib geet, wäert awer wuel nach vill Waasser de Bierg eroflafen.

Wann et deene Gréngen no geet, soll dat och sou bleiwen, fënnt d'Michèle Goedert, Member vum Gemengerot zu Jonglënster: "Et kann een do net einfach soen: jo wa mir d'Waasser net huelen, da geet et verluer. Et gëtt e Waasserkreeslaf an iergendwou kënnt dat Waasser och ëmmer erëm. Et soll ee kucken, dass een dat an der Gemeng behält an net u Privatleit weider gëtt"

Donieft géifen eng Rëtsch wichteg Donnéeën zum Impakt op d'Ëmwelt feelen.

De Proprietär selwer wollt keen Interview ginn, amplaz schéckt hien dofir eng Delegatioun mat engem Hydrogeolog an enger Persoun, déi hiren Numm net wollt nennen. Gefilmt ginn, wollt se och net. De Waasser-Expert schafft zanter 20 Joer fir de Proprietär. D'Exploitatioun géif der Natur net schueden an d'Waasser wier duerch seng héich Mineralkonzentratioun och net dofir geduecht, fir an den Drénkwaasserreseau vun der Gemeng agespeist ze ginn.

Bleift d'Fro no der Kommunikatioun. Hätt een do misse méi transparent sinn? Et hätt een alles richteg gemaach, fënnt de Buergermeeschter Roman Reitz: "Ech mengen, et ass scho kommunizéiert ginn. Et war ausgehaangen a mir hunn dat kommunizéiert ewéi d'Gesetz et virschreift. Gläichzäiteg haten d'Proprietären eng Informatiounsversammlung organiséiert, bei där vill Leit waren"

Mëtt Oktober ass ee RDV ugesat mat deene Leit, déi sech géint de Projet Waasserfabrick gestallt hunn. Déi Sëtzung wäert allerdéngs net ëffentlech sinn.