Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Walgesetz muss geännert ginn: Op de Stëmmziedelen um Waldag dierf elo och de Logo vun der Partei dropsinn

Donieft gouf eng weider Ännerung am Walgesetz vum Regierungsrot ugeholl an och d'Landwirtschaft an d'Loftverschmotzung stoungen um Ordre du Jour.

D'Stëmmziedelen, déi um Waldag an de Kabinne leien, fir ausgefëllt ze ginn, droen dëst Joer nieft den Nimm vun de Parteien an de Lëschtennummeren och de Logo vun der Partei. Duerfir muss d'Walgesetz ëmgeännert ginn, wëll dat bis dato net méiglech war.

Eng weider Ännerung am Walgesetz ass, datt Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn oder mental Defiziter hunn, sech dierfen an d'Walkabinn begleede loossen.

Béid Ännerunge goufen am Regierungsrot guttgeheescht, deen ewell e Mëttwoch beienee koum, wëll en Donneschdeg an e Freideg en ausseruerdentlechen EU-Conseil zu Bréissel ass.

An engem aneren Gesetzesprojet, deen ugeholl gouf, geet et em harmoniséiert Kontrolle vum Asaz vun Dünger an der Landwirtschaft. D'Regierung huet dann och de Nationalen Plang géint d'Loftverschmotzung adaptéiert.