Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wallëschte Gemengewalen: Niddreg Zuel vun ageschriwwenen Auslänner ass d'Schold vun der Politik, sou Asti

D'Asti stellt de Freideg de Moien d'Fro, ob mer eis wierklech fir d'Auslännerwalrecht interesséieren.

D'Associatioun, déi Auslänner ënnerstëtzt, adresséiert sech an engem oppene Bréif un d'Politik a fënnt, datt Bréiwer, Informatiouns-Stänn, Videoclippen an Deplianten net duer ginn.

Et géif een net vill matkréie vun de politeschen Efforten, mat deenen d'Auslänner solle motivéiert ginn, fir sech an d'Wallëschten anzedroen, net am ëffentlechen Transport, net an de Schoulen, net an de Medien.

Déi puer Affichen déi ee géing gesinn, wiere wéineg verständlech fir Auslänner, woubäi ee sech bewosst wier, datt den Interêt fir d'Politik bei verschiddene Leit net grouss wier.

Trotzdeem wier d'Zuel vun den Inscriptioune bis ewell enttäuschend. Dat wier d'Resultat dovunner, datt d'Politik sech a punkto bessert Zesummeliewen net engagéiert hätt.

Bis de 17. Abrëll hunn Net-Lëtzebuerger Zäit, fir sech fir d'Kommunalwalen anzeschreiwen.