Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wantersport: Trend a Saache Schi geet a Richtung Nohaltegkeet an natierlech Sécherheet

Wikipedia no koume Schi schonn 2.500 Joer viru Christus an den Asaz. 1850 goufen et dunn déi éischt Schi-Courssen an Norwegen.

Eréischt 100 Joer méi spéit, ëm 1950 huet sech Schifueren zum Masse-Sport entwéckelt. Mee wat huet sech an deene leschten 20 Joer konkret geännert, wat d'Schi ugeet? Wat ass den Ament am Trend a Punkto Schi oder Kleeder. Fir dëst erauszefannen, hu mir 4 Schifuerer vum Lëtzebuerger Testgrupp op Sölden begleet op den Test-Weekend. Si hu fir eis déi neiste Modeller getest.

Mir hunn eis och mam Benjamin Raich getraff, 2006 gouf hien als Sportler vum Joer an Éisträich gewielt, no sëllege Medailen, déi hie sech op Weltmeeschterschafte geséchert huet, huet hien och schonn e puermol Gold bei den Olympesche Spiller mat Heem geholl. Och de Benjamin Raich huet dës konstant Evolutioun vun de Schi materlieft an erzielt eis, dass et hei eng konstant Verännerung gëtt an dass sech do ganz vill an deene leschten 20 Joer gedoen hätt.

Et war awer och eng Éier fir déi Lëtzebuerger Ekipp, déi du mam Éisträicher en Tour konnte fueren, ëmmerhin ass een hei mat engem fréiere Weltmeeschter an Olympia-Gewënner ënnerwee. Fir hei matzehalen, kënnt een éischter un d'Schweessen a genee och do huet sech villes gedoen, wat déi optimal Kleedung ugeet. Esou tendéiert den Trend vun de Kleeder och ëmmer méi, fir sech a Richtung Schichten unzedoen. Also net nëmmen eng déck Jackett, mee e puer dënner, esou kann ee sech der Temperatur dobaussen upassen.

Mam richtege Material, respektiv mam richtege Schi, huet een och deen een oder anere Virdeel, dofir ass esou een Test-Weekend geduecht, dass ee bannent kuerzer Zäit e Maximum u verschiddene Schi teste kann, fir Ënnerscheeder beim Fueren ze mierken.

Wat awer och nach an den Trend komm ass an dat ass och gutt esou, ass, dass neierdéngs bei der Produktioun vun de Kleeder d'Natur net vernoléissegt gëtt an esou gëtt d'Nohaltegkeet respektéiert.

Et gëtt also eng Evolutioun, wat Schi ugeet, den Trend geet a Richtung Nohaltegkeet an natierlech Sécherheet.

De Beweis: misst den Olympia-Gewënner "Benni" Raich mam nämmlechte Material ewéi deemools haut eng Course oder Slalom fueren, wär et da praktesch onméiglech, fir dann ze gewannen, well sech do esou vill gedoen huet, schonn eleng, wat d'Material ugeet, aus deem de Schi haut besteet.

Wann een dann heiansdo der Meenung ass, deemools wär alles besser gewiescht. Wat d'Schi-Industrie ugeet, do geet et Joer fir Joer biergop, bleiwe mer also gespaant, wat se eis d'nächst Joer bidden.