Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wat wier am Fall vum Blackout?: En Dag ouni Elektresch ass kaum virstellbar

Mat den Temperaturen, déi a groussen Deeler vun Europa falen, klëmmt de Verbrauch un Energie.

Suerge gi sech den Ament ënner anerem a Frankräich gemaach, wou et Problemer mam Approvisionnement vun den Atomzentrale gëtt. Um Donneschdeg gëtt do mat engem éischte Pic gerechent, fir de Verbrauch vun Elektresch. Coupuren sinn den Ament nach keng konkreet geplangt, ginn awer jee nodeem wéi haart de Wanter gëtt envisagéiert.

Wat géif et bedeiten, wann et zum Blackout kéim?

Wa Moies de Wecker rabbelt, keen Elektresch méi do ass, da fänkt wierklech en Dag wéi keen aneren un. Dann heescht et virop emol eng Täscheluucht, respektiv Käerz- a Fixfeier fannen. Erwächt ass ee séier. Ouni Heizung bleift d'Dusch kal. Fön, respektiv Raséierapparat streiken. Kaffi, d'getoast Schmier kann ee vergiessen. D'Kachplack bleift kal.

Aus dem Télétravail gëtt och näischt. Ouni Modem funktionéiert den Internet net. An der Hoffnung en ass gelueden, wäert de Smartphone weider um Netz bleiwen. Bei der Post ginn et Noutfall-Pläng, fir op d'mannst a gréissten Deeler vum Land, eng Basis-Couverture ze garantéieren. Mobil Noutstroum-Generatore sinn virgesinn.

De Wee op d'Aarbecht gëtt nach méi komplizéiert, wei gewinnt. D'Garagë-Puert geet net méi automatesch op. Am Verkéier staut et, well op der Kräizung d'Luuchten ausgefall sinn. Bensin an Diesel gëtt et op den Tankstellen kee méi. Wann de Fön am Buedzëmmer net méi geet, da fueren och keng Zich, respektiv keen Tram. Allerdéngs wier dank Batterien kuerzfristeg en Energie-Puffer do, fir sécherheetsrelevant technesch Infrastrukturen wéi Stellwierker oder Barrièren. '' Aktuell hu mir keng Virwarnung vun eisem Stroum-Fournisseur, dass esou eng Situatioun kéint bestoen. '' sou d'CFL.

Frësche Cash fir an Täsch, dee kann een am Fall vun engem Blackout och gréisstendeels vergiessen. Ausser eenzel Bankomater, déi un Nout-Generatoren ugeschloss sinn. D'Plastiks Kaart am Portmonnie ass net d'Rettung. Wann iwwerhaapt Geschäfter op hunn.

Endlech op der Aarbecht ukomm, bleift eng lescht Hürd. Ouni Lift, déi eventuell 13 Stäck bis bei de Chef, ze Fouss erop ze klammen.

E Blackout vun och nëmmen e puer Stonne géif onsen Alldag ferm op d'Kopp geheien. Dat ass kloer.