Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéi wëll ee wunnen, wann ee méi al gëtt?: Beienhaus asbl: E participative Wunnprojet fir Leit iwwer 50 Joer

Vill Leit denken am Alter un en Altersheem oder un d'Konzept vum betreite Wunnen. Fir d'Beienhaus asbl sollt et awer nach eng weider Méiglechkeet ginn.

Nämlech e partizipative Wunnprojet fir Leit, déi keng Betreiung brauchen, mee an enger Communautéit wëlle wunnen, amplaz eleng oder an der Koppel am groussen Haus. D'Monica Camposeo huet d'Membere vum Beienhaus an hir Iddi kennegeléiert. Selbstänneg liewen an aktiv bleiwen, dat wëllen – wann et méiglech ass – vill Leit am Alter. Ma fir dass dat méiglech ass, sollt een net ze spéit domadder ufänken, sech d'Fro ze stellen, wéi ee wëll al ginn.

Dowéinst wëllen d'Membere vun der Beienhaus asbl, wéi de John Brigg an d'Laurence Calmes, e participative Wunnprojet opbauen. Jiddereen hätt säin Appartement, mat awer Gemeinschaftsraim.

D'Iddi ass, dass de Projet net kommerziell soll sinn, zum Beispill an Zesummenaarbecht mat enger Gemeng. Deen éischte Grond dofir ass den immens deiere Wunnmarché, erkläert d'Jeanny Groebig.

"Dat Zweet ass, dass et net garantéiert ass, dass, wann een zum Beispill géing ewechfalen an d’Ierwe wéilten dat verlounen oder verkafen, dass dat an deem Sënn weidergefouert gëtt, wéi dat geduecht ass. Dat ass gesetzlech hei am Land net gereegelt. A wann eng Gemeng zum Beispill dat géing verlounen u Leit 50+ oder 60+, da wier dat garantéiert, dass dat herno och ëmmer esou géing weidergoen."

D'Associatioun wéilt e Wunnkomplex opbauen, deen net iergendwann um Privatmarché verschwënnt. Eng nei Wunnform opbauen, déi fir vill Leit am Alter eng Alternativ kéint sinn. D'Membere betounen, wéi wichteg et ass, sech fréi mat der Fro auserneenzesetzen, wéi ee spéider wunne wëll. Et sollt een net waarden, bis een iwwerstierzt wéinst deem engen oder aneren Grond eng Entscheedung huele muss. An enger Communautéit wunnen, géing och dofir suergen, dass ee méi laang fit an aktiv bleift, esou d'Presidentin Astrid Lauterbach.

Doriwwer eraus kéint esou eng Wunnalternativ och ganz allgemeng dem Logementsmarché zegutt kommen. Si selwer, esou d'Astrid Lauterbach, géing 2 bis 3 Zëmmer an hirem Haus eigentlech net benotzen. Wéi si mat hire Kanner an hirem Mann am Haus mat Gaart gewunnt huet, kéint elo eng jonk Famill dovunner profitéieren. Si selwer wëll d'nächst Joer an en Appartement plënneren, sot si. Ma e Wunnprojet, genee wéi d'Associatioun sech dat virstellt, gëtt et bis ewell awer nach net.

D'Beienhaus asbl wier zwar a Kontakt gewiescht mat verschiddene Gemengen, eppes Konkretes hätt sech awer net erginn. Nach schafft d'Associatioun also un der Verwierklechung vum Projet.

All éischten Donneschdegowend am Mount trëfft sech d'Beienhaus asbl am Café Littéraire Le Bovary an der Stad. Nei Membere sinn ëmmer wëllkomm a méi Informatioune fannt Dir ënnert beienhaus.lu.

Beienhaus: Partizipative Wunnprojet / Rep. Monica Camposeo