Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéinst Bedruch verurteelt: Den ADR-Deputéierte Roy Reding bleift fir seng Partei an der Chamber

D'ADR kënnt zur Conclusioun, datt de Prozess an och d'Urteel de Roy Reding als Privatpersoun betreffen.

Dat seet de President vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei, de Fred Keup, am RTL Interview.

Nodeems de Roy Reding d'lescht Woch an éischter Instanz wéinst Bedruch zu enger Prisongsstrof vun engem Joer op Sursis verurteelt gouf, war den Exekutivcomité vun der Partei zesummekomm. An Tëschenzäit huet een och mam Concernéierte geschwat an et kéim een zur Conclusioun, datt de Prozess wéi och d'Urteel de Roy Reding als Privatpersoun betreffen, explizéiert de Fred Keup.

"Do war hie concernéiert an net d'ADR als Partei. Et ass och esou, datt de Fong vum Prozess näischt mam Här Reding senge politesche Mandater ze dinn huet. Dat ass eng perséinlech Affär vun him. Den Här Roy Reding huet jo och gesot, hie géing elo a Beruffung géint dat Urteel a mir als ADR hu vollt Vertrauen an d'Justiz an natierlech gëllt dann och, bis dat nächsten Urteel kënnt, d'Onscholdsvermuddung, esou wéi dat am Rechtsstaat virgesinn ass."

Bis op Weideres huet d'Urteel aus éischter Instanz also op nationalem Plang keng Konsequenzen.

Aus dem Stater Gemengerot dogéint hat de Roy Reding de Weekend demissionéiert. Mam Argument, hien hätt keng Zäit a keng Energie méi, fir all senge Responsabilitéiten nozekommen.