Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéinst den olympesche Summerspiller: Arrivée vum Tour de France 2024 net zu Paräis, mä zu Nice

Iwwerdeems wäert den Tour de France 2024 wéinst den olympesche Spiller schonn eng Woch éischter ufänken.

Dat hunn d'Organisateure vun der Grande Boucle an d'Stad Nice en Donneschdeg op enger Pressekonferenz annoncéiert. Et ass déi éischte Kéier zanter 1905, dass den Tour net zu Paräis ukomme wäert. Grond dofir sinn déi olympesch Summerspiller, déi 2024 an der franséischer Haaptstad stattfanne wäerten. Wéinst de Spiller wäert den Tour 2024 dann och schonn eng Woch éischter ufänken, fir dass en den 21. Juni, also 5 Deeg virum Optakt vun den olympesche Spiller eriwwer ass.

Iwwerdeems wäert déi lescht Etapp vum Tour de France 2024 keng Sprint-Etapp, mä e Contre-la-Montre sinn. Dat war fir d'lescht 1989 de Fall. Deemools hat de Greg Lemond fir eng Iwwerraschung gesuergt an dem Laurent Fignon nach um leschten Dag de giele Maillot ofgeholl.