© JONATHAN RAA NurPhotoNurPhoto via AFP
Nächst Joer sollen dann och d'EU-Gesetzer iwwer digital Marchéen a Servicer a Kraaft trieden...
D'EU-Kommissioun dreet Twitter mat Strofen, respektiv domat d'Plattform ofzeschalten, wann et sech net un d'EU-Reegelen a Punkto Desinformatioun géif halen. Et géif et dat och maachen, wann et néideg wier, esou den zoustännege Kommissär Thierry Breton haut an der däitscher a franséischer Press. Hie géif viru Chrëschtdag och nach eng Kéier mam Twitter-Chef Elon Musk zesummekommen.
Nächst Joer sollen iwwerdeems d'EU-Gesetzer iwwer digital Marchéen a Servicer a Kraaft trieden, mat deenen een effikass kéint géint Ligen an Hass am Netz virgoen.