Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéinst Eclat an der Coupe am Basket: Jérôme Altmann demissionéiert als Assistant Coach vun der Dammennationalekipp

Opgrond vum Tëschefall an der Coupe-Halleffinall tëschent dem T71 an dem Gréngewald, huet hien decidéiert säi Mandat als Co-Trainer néierzeleeën.

An der Dammennationalekipp kënnt et zu enger Kettereaktioun op Grond vum Tëschefall an der Coupe-Halleffinall tëschent Diddeleng an dem Gréngewald.

De Jérôme Altmann sollt dësen Donneschden an der Coque als Assitant Coach vun der FLBB-Formatioun un der Säitelinn stoen. Da spillt d'Dammennationalekipp hiren zweetleschte Match an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2023 géint Italien. Opgrond vum Tëschefall an der Coupe-Halleffinall tëschent dem T71 an dem Gréngewald, huet hien decidéiert säi Mandat als Co-Trainer néierzeleeën. Nieft senger Tâche als Assistant Coach ass den Jérôme Altmann jo och Trainer vun der Dammenekipp vun Diddeleng. Hie géif sech op sengem FLBB Posten net méi wuelfillen, nodeems déi ganz Diskussiounen ëm de Vainqueur an dësem Duell entstane sinn an et géif och elo kee Recours ginn, och wann den Tribunal Federal elo decidéiert hätt, datt d'Halleffinall soll frësch gespillt ginn.

Als Spillerin fir de Match géint Italien gouf och d'Lisy Hetting nominéiert. D'Spillerin vum BBC Gréngewald huet sech gefreet fir no 10 Joer e Comeback an der Nationalekipp ze féieren. Opgrond vun dësem Tëschefall huet och d'Lisy Hetting, kuerz no der Coupe-Halleffinall, decidéiert den Trikot awer net unzedoen.