D'Facebook-Mammenhaus Meta muss an der EU eng Geldstrof vun 265 Millioune bezuelen, dat wéinst Verstéiss géint den Dateschutz.
Déi iresch Dateschutz-Autoritéit huet déi Strof decidéiert, no Récksprooch mat aneren europäeschen Administratiounen. Meta huet säin europäesche Siège zu Dublin, genee wéi d'Tech-Gigante Google, Apple an Twitter. Et geet ëm d'Donnéeë vun enger hallwer Milliard Facebook-Utilisateuren, déi op engem Hacker-Site public gemaach goufen. Domat wier géint zwee Artikelen am EU-Dateschutzgesetz verstouss ginn. Meta muss sech mam Urteel ausserdeem dozou verflichten, verschidden Ännerungen ëmzesetzen.
Et ass net déi éischte Kéier, datt Meta mat Dateschutz-Problemer confrontéiert ass.