Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéinst Maintenance-Aarbechten: Lift fir an de Gronn ass en Donneschdeg zou

Wéi d'Stater Gemeng matdeelt ass de Lift fir vun der Cité Judiciaire an de Gronn ze kommen en Donneschdeg opgrond vu Maintenance-Aarbechten zou.

Weider deelt d'Gemeng mat, datt de Lift viraussiichtlech tëscht 9.00 Auer moies an 21.00 owes zou wäert sinn. Et géif een awer eng Navette asetzen, fir datt d'Leit tëscht dem Quartier Gronn an dem Helleggeescht-Plateau pendele kéinten. Dobäi bléift d'Navette um Arrêt "Stadgronn Bréck" stoen, souwéi um Helleggeescht-Plateau nieft der Entrée vum Lift. D'Navette fiert all 7,5 Minutten an dat vun 9.00 Auer moies un bis datt d'Aarbechten um Lift fäerdeg sinn.

La Ville de Luxembourg tient à informer le public que l’ascenseur du Grund reliant le plateau du Saint-Esprit (Cité judiciaire) au quartier du Grund sera fermé le jeudi, 29 septembre 2022, à partir de 9h00 jusqu’à environ 21h00 en raison d’une intervention technique.
Une navette sera mise en place par le Service Autobus de la Ville de Luxembourg assurant, le temps des travaux, la liaison entre le quartier Grund (arrêt Stadgronn Bréck) et le plateau du Saint-Esprit (arrêt provisoire à côté de l’ascenseur). Cette navette circulera toutes les 7,5 min de 09h00 jusqu’à la fin des travaux.