Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéinst Partyen an ze vill Kaméidi: Ronn 30 Mol gouf d'Police alarméiert well d'Nuetsrou gestéiert gouf

An der Nuecht op e Sonndeg hat d'Police nawell méi ze dinn wéinst ze vill Kaméidi bei Leit doheem, a Caféen oder well sech de Batti dobausse gestallt gouf.

Ronn 30 Mol gouf d'Police geruff, well d'Nuetsrou gestéiert gouf an dat landeswäit, wéi aus hirem Bulletin ervirgeet. Dat haaptsächlech wéinst private Feieren a Wunnengen, vereenzelt och wéinst ze vill Kaméidi a Wiertschaften oder well Leit sech dobaussen op der Strooss de Batti gestallt hunn.

Wéi d'Police präziséiert, waren déi meescht Persounen asiichteg an d'Ugeleeënheet konnt nach op der Plaz gekläert ginn.
A Clausen war enger Patrull géint 4.30 Auer awer eng manner asiichteg, alkoholiséiert Persoun opgefall, déi sech géintiwwer anere Leit aggressiv beholl hat, sech net berouege wollt an déi ëffentlech Rou gestéiert huet. Dowéinst gouf dës Persoun souwéi eng Zweet, déi och ze déif an d'Glas gekuckt hat a sech aggressiv gewisen huet, a Passagearrest geholl.

Ma net wäit ewech, am Rollengergronn, huet e ganze Grupp vun Alkoholiséierte Radau geschloen. Well eng Persoun wéinst hirem Zoustand an dem aggressive Behuele net just eng Gefor fir sech, ma och fir anerer duergestallt huet, hunn d'Beamten decidéiert, och do z'intervenéieren. D'Persoun koum an Arrest.