Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéinst stiermeschem Wieder: Sëllege Blesséierter no zwou Zuch-Entgleisungen an der Schwäiz

D'Regionalzich sinn der Police no e Freideg den Owend nëmme 40 Kilometer vuneneen ewech nërdlech vun der Haaptstad Bern entgleist.

Den éischte Virfall ass géint 16.30 Auer geschitt tëscht Lüscherz a Biel, den zweeten eng 20 Minutte méi spéit an der Géigend vu Büren zum Hof.

Op d'mannst 15 Mënsche goufe blesséiert, dorënner 3 am éischten Zuch. D'Lokomotiv war duerch hefteg Wandstéiss ëmgekippt an duerno e puer Meter e klenge Rampli erofgerutscht. De Rescht vun de Waggonen ass nach e puer Meter weider gerullt.

Däitlech méi Blesséierter gouf et am zweete Zuch, deen an der Géigend vum Duerf Büren zum Hof entgleist ass. Do wieren et 12 Mënschen, déi verwonnt goufen, dorënner dräi Kanner.

Zwee Doudeger am Grand Est

Wéinst dem Stuerm Mathis, deen aktuell iwwer Europa zitt, sinn am Grand Est zwou Persounen ëm d'Liewe komm. An de Vogesen ass e Freideg de Mëtteg matten am Dag e Bam op en Auto gefall, an deem en 19 Joer ale Mann grad gerascht huet. Fir hie koum all Hëllef ze spéit. Zu Mulhouse am Alsace gouf e weidere jonke Mann vun ëm déi 20 Joer déidlech blesséiert, wéi e Bam op säin Auto gefall ass, eng Bäifuererin koum uerg verwonnt an d'Spidol.