Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wéinst Streik a Frankräich: Op d'mannst 16 Flich um Findel falen e Freideg aus

Den annoncéierte Streik vun de Fluchlotsen e Freideg an e Samschdeg a Frankräich huet och Repercussiounen op Lëtzebuerg.

Luxairport huet en Donneschdeg den Owend eng virleefeg Lëscht publizéiert mat Flich vun an op Lëtzebuerg, déi annuléiert sinn. Betraff sinn ënnert anerem d'Destinatioune Paräis, Madrid, Barcelona, Lissabon an Nice.

👉❗️Important passenger information: Due to the strikes in France tomorrow, 16.09.2022, some flights at LUX are canceled. Read more at: https://t.co/UBE1SVzx0U

— Luxembourg Airport (@luxairport) September 15, 2022

Leit, déi an deenen nächsten Deeg wëlles haten ze fléien, si gebiede sech um Lafenden ze halen. D'Fluchkompanien hu wéinst dem annoncéierte Streik a Frankräich eng dausend Flich ofgesot. Et ass mat Annulatiounen a Retarden um ganze franséischen Territoire ze rechnen.