Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Weisen d'Protester Wierkung?: Iran léist déi ëmstridde "Sitte-Police" op

Zanter Mëtt September ginn et am Iran, awer och soss weltwäit, grouss Protester fir méi Fraerechter.

Am Iran ass déi ëmstridde Sittepolice opgeléist ginn, wéi lokal Autoritéite mellen. Dës speziell Police war haaptsächlech dofir zoustänneg fir ze kontrolléieren, ob Fraen de Reegelen entspriechend ugedoen sinn.

D'Justiz wéilt awer weiderhin dës "gesellschaftlech Erausfuerderung" meeschteren, wéi eng iranesch Dageszeitung schreift. E Samschdeg gouf och schonn annoncéiert, dass dat ëmstriddent Kappduch-Gesetz vun der Justiz gepréift géif ginn.

Zanter Mëtt September ginn et am Iran grouss Protester fir méi Fraerechter. D'Protester am Iran waren ausgeléist ginn, well eng jonk Fra gestuerwe war, nodeems si vun dëser spezieller Police festgeholl gouf.