Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Weltmeeschterschaft am Cyclissem: Remco Evenepoel no Solo vu 25 Kilometer neie Weltmeeschter

Kuerz no senger Schlussvictoire bei der Vuelta huet sech den 22 Joer jonke Belsch de Weltmeeschtertitel an der Stroossecourse geséchert.

De Remco Evenepoel huet bei der Weltmeeschterschaft am australesche Wollongong eng weider ganz staark Leeschtung a senger nach jonker Karriär gewisen. Den 22 Joer ale Belsch huet sech an der Stroossecourse de Weltmeeschtertitel geséchert. Eng 25 Kilometer virun der Arrivée hat sech den Evenepoel aus dem Stëbs gemaach, kee Konkurrent konnt deen Ament säi Rad nach halen.

No 266,9 Kilometer an 3.045 Héichtemeter hat den Evenepoel op der Arrivée eng Avance vun 2 Minutten an 21 Sekonnen. De Fransous Christophe Laporte huet sech am Sprint Sëlwer geséchert. Bronze war fir den Australier Michael Matthews.

Beschte Lëtzebuerger war de Kevin Geniets. Den FSCL-Coureur war no enger staarker Leeschtung bis zum Schluss an der Course ëm d'Medailen dobäi. Um Enn gëtt hien den 21. och op 2 Minutten an 21 Sekonnen.

2012 koum de leschte Weltmeeschter aus der Belsch. Deemools hat sech de Philippe Gilbert de Reboutrikot geséchert.

D'Top 10



3 MATTHEWS Michael Australia ,,
4 VAN AERT Wout Belgium ,,
5 TRENTIN Matteo Italy ,,
6 KRISTOFF Alexander Norway ,,
7 SAGAN Peter Slovakia ,,
8 BETTIOL Alberto Italy ,,
9 HAYTER Ethan Great Britain ,,
10 SKJELMOSE JENSEN Mattias Denmark ,,