Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Weltmeeschterschaft am Zäitfueren: Kockelmann gëtt den 11. bei de Junioren, Gold fir de Joshua Tarling

En Dënschdeg de Moien um 8.20 Auer ass de Lëtzebuerger Mathieu Kockelmann zu Wollongong an Australien op de Circuit vun 28,8 Kilometer gaangen.

Dobäi koum de Lëtzebuerger, deen aktuell Junior Europameeschter am Zäitfueren ass, op déi 11. Plaz ënner 52 Coureuren, déi un den Depart gaange sinn.

De Mathieu Kockelmann koum net gutt aus de Startlächer an hat no der éischter Tëschenzäit scho bal eng hallef Minutt Retard op déi beschten Zäit, dat als Dräizéngten. Am zweete Secteur konnt de Lëtzebuerger e puer Plaze guttmaachen a sech op déi 11. Plaz no vir kämpfen. Vill verbessere konnt hie sech am drëtte a leschte Secteur awer net, esou datt och zum Schluss just eng 11.  Plaz erausgesprongen ass, dat mat engem Réckstand vu enger Minutt a 44 Sekonnen op de spéidere Gewënner.

Besser huet den den Joshua Tarling gemaach, deen als Leschten un den Depart goung. Scho bei der éischter Tëschenzäit hat hie knapp 10 Sekonnen Avance op den Australier Hamish McKenzie, dee bis zu deem Ament d'Féierung hat. Hie konnt säi Virsprong nach weider ausbauen a fiert zum Schluss mat enger Avance 19,19 Sekonnen iwwert d'Arrivée. Domadder séchert hie sech de Weltmeeschtertitel bei de Junioren, virum Australier Hamish McKenzie an dem Däitschen Emil Herzog.