Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Weltwäite Leader an der Produktioun vu Verschläissdeeler: CERATIZIT iwwerhëlt franséisch Entreprise AgriCarb

National - Weltwäite Leader an der Produktioun vu Verschläissdeeler
RTL

© CERATIZIT S.A.

Wéi d'Lëtzebuerger Entreprise CERATIZIT en Dënschdeg matgedeelt huet, goufen all Undeeler vun der franséischer Firma AgriCarb iwwerholl.

Wéi et am Communiqué vu CERATIZIT heescht, ass d'Reprise Deel vun enger Wuesstems- a Nohaltegkeetsstrategie. Deemno wëll ee bis 2025 an der eegener Branche Leader a Saachen Nohaltegkeet ginn. Detailer zu de finanziellen Aspekter ginn et keng.

Mat méi wéi 8.000 Mataarbechter an iwwer 50 Implantatiounen, ass CERATIZIT weltwäit vernetzt. D'Entreprise vu Mamer ass Deel vun der éisträichescher Plansee Group.

Déi franséisch Firma AgriCarb mat Sëtz zu Meyzieu bei Lyon ass zanter 35 Joer weltwäite Leader an der Produktioun vu Verschläissdeeler.