Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wettlaf géint d'Zäit: Neit Schëff soll menacéiert Wal-Aart retten

Am Joer 2014 gouf et der nach ronn 100, elo nach knapp 20. De Kalifornesche Schwéngswal steet kuerz virum Ausstierwen a soll lo nach besser geschützt ginn.

Déiereschützer hunn hire Wettlaf géint d'Zäit nees lancéiert, fir de Kalifornesche Schwéngswal dach nach virum Ausstierwen ze retten. Begleet vun der mexikanescher Marinn zirkuléiert dat speziell ekipéiert Schëff "Seahorse" zanter en Donneschdeg virun der Küst vu Mexiko, mat der Missioun, sämtlech illegal Fëschernetzer aus dem Gebitt, an deem déi klengste Waler op der Welt liewen, erauszehalen. Dat huet d'Ëmweltschutzorganisatioun Sea Shepherd matgedeelt.

De Phocoena sinus, dee wéinst senge schwaarz ëmkreesten Aen och "Mierespanda" genannt gëtt, kënnt nëmmen an engem klenge Gebitt am Golf vu Kalifornien vir. Der Weltnaturschutzunioun IUCN no zielt hien zu deenen Aarten, déi am stäerkste virum Ausstierwe stinn. An hir Zuel schrumpft rapid: Am Joer 2014 gouf et bal honnert Kalifornesch Schwéngswaler, 2012 waren et der duebel esou vill.

Elo sinn et Experten no net emol méi 20.

A Gefor sinn déi knapp 1,5 Meter laang a 50 Kilo schwéier Déieren duerch illegal Fëscherei op en anere Fësch am Gebitt, dem Totoaba. Deem seng Schwammblos ass wéinst senger presuméierter heelender Wierkung a China immens begiert a gëtt aktuell fir bis zu 8.000 Dollar de Kilo gehandelt. An den illegale Netzer landen awer och ëmmer nees Schwéngswaler, déi dann aarmséileg stierwen.

2015 hat déi mexikanesch Marinn zesumme mat Naturschützer hir gemeinsam "Operación Milagro" - Operatioun Wonner - lancéiert, fir de Kalifornesche Schwéngswal ze retten. D'lescht Joer ass et hinne gelongen, déi illegal Fëschereiaktivitéit a sengem Schutzgebitt ëm méi wéi 70 Prozent ze reduzéieren. Et koum deels och zu brutalen Ausernanersetzunge mat Totoaba-Braconnieren.

De Réckgang vun der illegaler Fëscherei bezeechent de Sea-Sheperd-Chef Pritam Singh als "ermuddegend Nouvellen". Et misst een awer nach méi maachen, dofir setzt hien och elo grouss Hoffnung an d'Seahorse.