Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

WikiLeaks-Grënner: Julian Assange huet op en Neits viru Geriicht verluer

Hien hat jo Recours géint d'Decisioun ageluecht, dass hie vu Groussbritannien aus an d'USA soll ausgeliwwert ginn.

Dem Riichter um High Court zu London no, hätt hien awer keng nei Argumenter presentéiert, ma jsut nach eemol déi Argumentatioun widderholl, déi schonns virdrun vun enger méi niddreger Instanz verworf gouf.

Den Julian Assange ass an den USA a 17 Fäll wéinst Spionage ugeklot. A Groussbritannien huet hien domat esou gutt wéi all Recours-Méiglechkeeten duerch.

Hie kéint säi Fall allerdéngs nach virun den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter bréngen.

D'Gefor, dass den 51 Joer alen Assange elo tatsächlech un d'USA ausgeliwwert gëtt, wier "elo sou real, wéi nach ni", heescht et an engem Communiqué vun der Organisatioun "Reporter ouni Grenzen". Dat juristescht hin an hier ëm den Julian Assange dauert mëttlerweil scho Joren.

Bei enger Verurteelung säitens den USA riskéiert hie bis zu 175 Joer an de Prisong ze kommen.