Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

WM am Cyclissem: Favorit van der Poel viru Course festgeholl ginn

Den hollännesche Vëlosprofi Mathieu van der Poel war virun der WM-Course an Australien wéinst enger Ausernanersetzung virleefeg festgeholl ginn.

De Mathieu van der Poel war ee vun de grousse Favoritten an der 266,9 Kilometer laanger Course ronderëm Wollongong südlech vu Sydney. Den Hollänner gouf allerdéngs an der Nuecht virun der Course vun der australescher Police festgeholl an huet domadder seng Hoffnungen op den Titel fréi misse begruewen. No ronn 30 Kilometer ass den Hollänner e Sonndeg vum Vëlo geklommen.

E Samschdeg war et am Hotel zu enger Ausernanersetzung mat haarden Nopere komm. "Et gouf e klenge Sträit. Ech war eréischt um véier Auer nees a menger Kummer, dat ass natierlech net ideal. Et ass een Desaster, ma ech kann et net méi änneren", sou de van der Poel am Interview mat der Tëleeschaîne Sporza virum Depart.

D'Police am Bundesstaat New South Wales huet an enger Pressematdeelung keen Numm genannt, huet awer op Nofro hi vun der AFP Informatiounen zum Virfall verëffentlecht. Deemno war et zu enger verbaler Ausernanersetzung tëscht engem 27 Joer ale Mann an zwou Teenagerinnen am Alter vun 13 a 14 Joer komm.

De Beschëllegte soll déi Jugendlech gestouss hunn, wouropshin ee Meedchen op de Buedem gefall ass an dat anert soll eng liicht Wonn dovunner gedroen hunn. D'Police huet de Mann matgeholl. Et gouf géint hie Plainte wéinst zweefacher Kierperverletzung gemaach. De Beschëllegte gouf op Kautioun fräigelooss a muss en Dënschdeg zu Sydney viru Geriicht.

De Christophe Roodhooft, Sportdirekter bei der Ekipp vum van der Poel Alpecin-Deceuninck, huet de Virfall confirméiert. Säi Coureur wier "um Buedem zerstéiert", sou de Roodhooft. "Hien huet déi ganz Nuecht net geschlof a war och mental e bësse fäerdeg. Hien hat sech vill vun dësem Dag versprach an an de leschten zwee Méint no senger schlechter Tour de France an der Virbereedung alles ginn."