Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wocheréckbléck vun der Santé: Covidinfektioune klammen, ma an de Spideeler bleift et weider ganz roueg

Wéi d'Santé an hirem Wochebilan mellt, sinn d'Coronazuelen an der véierter Januar Woch ëm 14,5% geklommen.

D'lescht Woch sinn d'Covidinfektiounen zu Lëtzebuerg ëm 14,5% op 630 Fäll an d'Luucht gaangen, dat geet aus dem Woche-Bilan vun der Santé vun e Freideg ervir.

3 Persounen sinn a Relatioun mam Covid gestuerwen. An de Spideeler bleift et weider ganz roueg.

Bei de Grippefäll gouf et eng Augmentatioun vu 24% par Rapport zu der Woch virdrun. 182 Influenza-Fäll goufen offiziell deklaréiert.

D'Santé erënnert drun, den Impfzenter an der Victor Hugo Hal den 10. Februar um 7 Auer owes seng Dieren zou mécht. Eng Pop-Up-Impfméiglechkeet gëtt  bis de 17. Februar am Belval Plaza offréiert. Donieft fueren och Dokteren an Apdikten mam Impfe weider.

Allgemeng ginn nëmmen nach wéineg Leit geimpft. D'lescht Woch goufe grad mol 289 Dosissen gesprëtzt.