Am Wochebilan, deen d'Santé an den LNS en Donneschdeg de Moie publizéiert hunn, ass just nach vun 1.550 Fäll Rieds tëscht dem 20. an dem 26. Mäerz.
Dat sinn 200 Fäll manner wéi d'Woch virdrun an dat heescht och, et ginn ëmmer manner Covid-Fäll hei am Land registréiert. Sechs weider Doudesfäll stéingen awer a Relatioun mam Virus.
20 Leit goufe Covid-bedéngt an engem Spidol behandelt, dovun eng Persoun op der Intensivstatioun.
D'Fäll vun der Influenza sinn iwwerdeems och réckleefeg. Den Typ B ass weider dominant.
PDF: Coronavirus - Retrospectiv vun der Woch
LINK: De Communiqué mat allen Detailer um Site vun der Santé