Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wolz: De Centre Schlasskéier kritt en IRM

Et steet fest, op Wolz kënnt en IRM, an zwar an de Centre Schlasskéier. Dat deelen d'Gemeng an d'Nordspidol op enger Pressekonferenz mat.

An dësem neien Zenter, deen nach muss gebaut ginn, wäerten en Deel vun de Servicer hikommen, déi aktuell an der Klinik Säint Joseph sinn, wou sech da wäert op d'Geriatrie konzentréiert ginn.

Nach ier de Centre Schlasskeier opgeet, kënnt den IRM awer scho provisoresch an d'Klinik op Wolz. Dëst Joer soll den IRM scho kënnen a Betrib geholl ginn.

Den Dossier, fir en IRM op Wolz ze kréien, ass schonn deposéiert, esou den Generaldirekter vum ChdN Paul Wirtgen. Et ass och schonn eng Plaz dofir virgesinn, nämlech am Wëlzer Spidol Säint Joseph, deen zum Nordspidol gehéiert.

Ugangs 2024 soll ugefaange ginn de Centre Schlasskéier ze bauen.