Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

World Happiness Report 2023: Lëtzebuerg kënnt op déi 9. Plaz

RTL

© pexels.com / Julia Avamotive Julia Avamotive

E Méindeg ass den internationalen Dag vum Gléck. An deem Kader hu Wëssenschaftler an den USA déi nei Editioun vum "World Happiness Report" publizéiert.

An dësem kënnt Lëtzebuerg op déi 9. Plaz a verschlechtert sech domadder ëm 3 Plazen. Fir de Rapport hunn d'Wëssenschaftler dat duerchschnëttlecht Empfanne vu Gléck unhand vu 6 Facteuren ausgerechent. Nämlech der sozialer Ënnerstëtzung, dem Akommes, der Gesondheet, der perséinlecher Fräiheet, der Generositéit an der Absence vu Korruptioun.

Dës Facteure goufen unhand vun de Resultater vun Ëmfroe vum amerikanesche "Gallup Institute" bestëmmt.