Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"World Marathon Challenge": No der 2. Plaz an der Antarktis, elo déi 4. a Südafrika fir de Pit van Rijswijck

7 Marathonen a 7 Deeg, dat op 7 Kontinenter - de "World Marathon Challenge". Matten dran ee Lëtzebuerger, dee fir de gudden Zweck leeft.

Déi éischt zwee Marathonen, also zweemol 42,2 Kilometer, huet de Pit van Rijswijck schonns hannert sech, dat an der Antarktis an zu Kapstadt a Südafrika.

Am Interview huet de Pit van Rijswijck erkläert, datt déi éischt zwee Marathone relativ extrem waren. Beim éischte Marathon an der Antarktis huet ee moies fréi schonns misse starte wéinst de schlechte Wiederkonditiounen. Hei waren et ongeféier -8 Grad, mee et war éischter méi de Wand, deen de Leefer d'Liewe schwéier gemaach huet. De Lëtzebuerger huet awer erkläert, datt hien d'Keelt léiwer huet ewéi d'Hëtzt, esou datt dësen éischte Marathon him besser entgéintkomm ass ewéi villäicht anere Leefer.

Beim zweete Marathon zu Kapstadt a Südafrika koum de Lëtzebuerger op déi 4. Plaz, dat an enger Zäit vun 3 Stonnen a 34 Minutten. Wéi schonns an der Antarktis, wou de Pit van Rijswijck den Zweete gouf, huet den US-Amerikaner David Kilgore gewonnen, dat an enger Zäit vun 2 Stonnen, 58 Minutten a 15 Honnertstel.

Bei der "World Marathon Challenge" si Leit aus der ganzer Welt vertrueden. Déi meescht kommen awer wuel aus den USA, wéi de Pit van Rijswijck seet. D'Ambiance ënnert de Leefer a Leeferinne wier allgemeng awer immens gutt. Jidderee géing sech gutt matenee verstoen, et géing een et net ze eescht huelen an och nieft der Kompetitioun emol e Patt zesummen huelen.

En Donneschdeg geet et dann op Perth an Australien, dono steet Asien um Programm, hei ass de Laf zu Dubai, dono op Madrid an Europa, Fortaleza a Südamerika a Miami an Nordamerika.

Wien de Pit wëll ënnerstëtzen, op sengem Site www.runningagainstcancer.lu fënnt een all déi néideg Informatiounen.